Ausserdeem soll all Persoun bis 26 Joer sech gratis op Geschlechtskrankheete kënnen teste loossen.

"D’Pëll duerno" soll, vum nächste Joer un, a Frankräich gratis ginn. Wéi de franséische Gesondheetsminister François Braun, en Dënschdeg den Owend, an engem Interview um franséische Fernsee matgedeelt huet, soll a Frankräich, an Zukunft all Fra, "d’Pëll duerno" gratis an der Apdikt kréie kënnen. Dat onofhängeg vun hirem Alter. Ausserdeem soll all Persoun bis 26 Joer sech gratis op Geschlechtskrankheete kënnen teste loossen. Béid Mesurë sollen am Gesetz fir d’Finanzéierung vun der franséischer Sécurité Sociale fir dat nächst Joer festgeschriwwe ginn.