Den US-Bundesstaat New York huet eng zivil-rechtlech Plainte géint den Donald Trump a seng Famill deposéiert.

De Parquet vum Bundesstaat wërft deem fréieren US-President a senger Famill finanzielle Bedruch vir. Wéi et vun der zoustänneger Procureur, Letitia James, heescht, géif de Parquet Geldstrofen an Héicht vun insgesamt 250 Milliounen $ ustriewen. Ausserdeem sollen den Trump a seng Famill ni méi Geschäfter am Bundesstaat New York maachen dierfen.