D’EU-Ausseministeren hunn iwwer weider Sanktioune géint Russland diskutéiert.

An dat well de russesche President Putin d’Deelmobiliséierung e Mëttwoch ugekënnegt hat. 300.000 Reserviste sollen d’Arméi verstäerken. D’Ausseministeren hu sech an der Nuecht op en Donneschdeg um Bord vun der UN-Vollversammlung zu New York getraff. Den EU-Baussebeoptraagte Josep Borell sot dass ee weider Strofmoosname géint russesch Secteuren a Persounen decidéiere soll. Och soll d’Ukrain weider Waffe kréien. Mee déi konkret Decisiounen zu de Sanktioune solle bei engem formellen Treffe festgehale ginn.

An deem Kontext huet den ukrainesche President Selenskyj eng méi haart Bestrofung vu Russland gefuerdert. Dat e Mëttwoch den Owend bei der Generaldebatt vun der UN-Vollversammlung. De President hat sech jo iwwer Videokonferenz ageschalt. Russland misst isoléiert ginn, esou de Selenskyj. Moskau misst och säi Veto-Recht am UN-Sécherheetsrot ewechgeholl kréien. Aggresseure misste bestrooft ginn a vun Entscheedungen op internationalem Niveau ewechgehale ginn.