En Donneschdeg de Moie geet et an der Chamber ëm d’Kannerrechter wärend der Pandemie.

Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit wäert säi Rapport vum Joer 2021 virstellen. Dësen nennt sech "Covid-19 et les droits de l’enfants".  An deem Rapport geet et ëm krank Kanner an hire medezinesche Suivi mee och ëm d’mental Gesondheet. Wichtege Sujet ass och de Covid-19 an d’Educatioun.