E Mëttwoch den Owend huet d’Police Alkoholkontrollen an der Stad duerchgefouert.

An dat tëscht 17h00 an 22h00 an der Rue de Beggen, an der Escher Strooss an am Boulevard Patton. 249 Automobiliste goufe kontrolléiert, och ouni Indice vun Alkoholkonsum. Guer keen Alkoholtest war positiv. Dowéinst gouf dann och kee Protokoll ausgestallt an et goufe keng Permisen agezunn.