De prinzipiellen Accord op deen d’Sozialpartner sech am Kader vun der Tripartite gëeenegt hunn, wier eng verpasste Chance.

Wéi d’Caritas an engem Schreiwes reklaméiert, wieren d’Mesuren, op déi d’Sozialpartner sech gëeenegt hätten, net sozial selektiv. Dobäi wier déi aktuell Kris de passende Moment gewiescht, fir sozial cibléiert Mesuren ze decidéieren, déi séier wierke géifen.

Weiderhin ass ee bei der Caritas der Meenung, dass de Plaffong vum Akommes, dat ee maximal kréien dierft, fir sozial hëllefen ze kréien, misst gehuewe ginn. Den Ament, wieren nämlech vill Elteren a Jonk Erwuessener am Fall, dass si, well hie Salaire e puer € ze héich ass, net vun dësen Hëllefe profitéiere kéinten.

Schliisslech verlaangt d’Caritas, dass weider finanziell Ureizer geschaaft ginn, fir d’Wunnengen an d’Haiser energetesch ze sanéieren. Well vill Leit, mat niddregem Akommes allerdéngs loune géifen, misst een hei verstäerkt bei de Proprietären usetzen. Si misste verbuede kréien, Immobilien ze verlounen, déi en ze héijen Energieverbrauch hunn.