D’Mesuren, op déi sech bei der Tripartite gëeenegt gouf, sollen iwwer eng temporär Krisesteier finanzéiert ginn.

Dëse Virschlag maachen déi Lénk an engem Communiqué. Deemno soll all Persoun mat engem järlechen imposabele Revenu  vun iwwer 150.000 €, déi an der Steierklass 1 läit, op all Euro iwwer deenen 150.000 mat 15 zousätzleche Prozent imposéiert ginn. An der Steierklass 2 soll de Seuil bei 300.000 € leien. Bei de groussen Entreprisë soll all Euro iwwer 200.000 € Akommes mat zousätzleche 15 % besteiert ginn.