
© Eldoradio
De Josy Hames ass net méi Member vun der CSV-Fraktioun am Käerjenger Gemengerot.
Dat deelt d’CSV-Sektioun vu Käerjeng an engem Communiqué mat. Wéi et an dësem heescht, hätten déi aner Membere vun der CSV-Fraktioun, de Joy Hames no senge Beleidegungen, géigeniwwer deene jonke Gréngen, zur Ried gestallt, a vun him verlaangt, dass hie sech fir dës entschëllegt. Well de Josy Hames sech geweigert hat dat ze maachen, gouf hien aus der CSV-Fraktioun am Käerjenger Gemengerot ausgeschloss ausgeschloss.