D’Psychotherapeute wëllen net an déi éischt Ronn vun der Mediatioun mat der CNS goen.

Dat huet d’Presidentin vun der Fapsylux, Catherine Richard,en Donneschdeg, op Nofro hin, géigeniwwer RTL. D’Associatioun vun de Psychotherapeute léisst d’Prozedur vun der Mediatioun juristesch préiwen. Dofir wëll si sech bis nächst Woch Zäit ginn.

De Sozialminister Claude Haagen hat d’Mediatioun mat der Fapsylux en Donneschdeg an enger Chamberkommissioun ugekënnegt. Obwuel d’Viraussetzungen net déi bescht wieren, géif hien op en Accord tëscht der CNS an de Psychotherapeuten hoffen.