Géint 14h50 en Donneschdeg de Mëtteg war et op eise Stroossen zu engem uergen Accident komm.

E Motocyclist war um CR128 tëscht Hiefenech a Chrëschtnech gefall. Nieft de Rettungsdéngschter vun Hiefenech an aus der Fiels, waren hei och de SAMU an den Helikopter vun der Air Rescue an den Asaz geruff ginn.