
© Pexels
Eng ëffentlech Debatt steet e Freideg nees um Programm an der Chamber.
An zwar gëtt d’Petitioun 2309 debattéiert. Dës Petitioun fuerdert de Remboursement vun de Psycholog-Facturen. Se krut och iwwer 5.500 Ënnerschrëften. D’Petitionärin wäert also de Membere vun der Petitiounskommissioun a vu der Aarbechtskommissioun hir Fuerderung virstellen. D’Debatt fänkt um 14h00 un a ka live op Chamber TV suivéiert ginn.
Eisen Interview mat der Petitionärin fannt dir hei.