Den ukrainesche President Selenskyj fuerdert d’Russen zum Widderstand op.

An dat nodeems de russesche President Putin d’Deelmobiliséierung am Land ausgeruff hat. A sengem deegleche Videomessage huet den ukrainesche President gesot dass zënter dem Ufank vum Krich 55.000 russesch Zaldote gestuerwe wieren. Wann se net wéilten dass der méi stierwen, missten d’Russen dogéint protestéieren. Se kéinten och fortlafen oder sech erginn. Vill Russen si schonn amgaangen an Nopeschlänner ze flüchten, an deene se kee Visa brauchen.