D’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp huet eng staark Leeschtung an der Nations League fäerdegbruecht.

Zu Istanbul an der Tierkei hunn d’Rout Léiwen en Donneschdeg den Owend 3:3 gläichgespillt. En tierkesche Schoss ganz zum Schluss vum Match huet d’Hoffnung vun enger Victoire vun de Lëtzebuerger zerstéiert. Fir Lëtzebuerg hunn de Marvin Martins, Danel Sinani a Gerson Rodrigues d’Goaler markéiert.