E Freideg de Mëtteg gëtt nees e Streik vu Youth For Climate Luxembourg organiséiert.

Géint 15h00 fänkt de Streik um Glacis un. An dat ënner dem Motto "People not Profit". Vum Glacis aus trëppelen d’Demonstranten dann op d’Place Clairefontaine. Hei ginn et da wéi gewéinlech och Rieden a Musek. D’Fuerderunge vu Youth For Climate sinn et dass Lëtzebuerg bis 2030 klimaneutral muss ginn. Mee och dass Steierhannerzéiung an Investitiounen a fossil Brennstoffer gestoppt musse ginn. Och fuerdert d’Organisatioun Klimagerechtegkeet a wann de System d’Fuerderungen net erfëlle kann, da misst dëse geännert ginn.