En neien europäesche Forum soll am Oktober zu Prag organiséiert ginn.

Hei sollen de 6. Oktober d’Staats- a Regierungscheffe vu 44 Länner zesummekommen. Nieft de 27 EU-Memberstaaten solle 17 weider Staaten vertruede sinn. D’Aluedunge fir d’Treffe goufen en Donneschdeg geschéckt. Zu de Länner, déi keng EU-Memberstaaten sinn zielen dann hei d’Ukrain, d’Schwäiz, Groussbritannien an d’Tierkei.

Am Mëttelpunkt vum Forum sti Fridden a Sécherheet, Energie a Klima mee och d’Wirtschaft an d’Migratioun. Esou e Forum wier eng Chance, europäesch Wäerter weider ze verankeren, esou d’EU-Kommissioun.

De franséische President Macron hat de Virschlag vun esou engem Sommet gemaach.