Nodeems an der Stad, iwwer 100 Gefierer beschiedegt goufen, sicht d'Police den Ament no dësen hire Besëtzer.

An der Nuecht vun e Mëttwoch dem 21. op en Donneschdeg den 22. September goufen, an der Stad, iwwer 100 Gefierer beschiedegt. Dës stoungen an der Zitha-Strooss, der Rue Goethe, der Rue Michel Welter, der Rue d'Anvers, dem Boulevard de la Pétrusse, dem Boulevard Prince Henry, der Rue des Etats Unis, der Rue des Romains, der Rue Caspar Mathias Spoo, um Val St. Croix an an der Avenue Pescatore.

Der Police ass et antëscht gelongen, de presuméierten Täter ze identifizéieren a festzehuelen. Dëse koum op Uerder vum Parquet an Untersuchungshaft.

Bis ewell ass et der Police nach net gelongen, alleguer d'Persounen, deenen hiert Gefier beschiedegt gouf, ze identifizéieren. Wien hei am Fall ass, an eng Plainte maache wëll, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 100, oder via d'Mailadress "police.luxembourg@police.etat.lu".

Och Zeien, déi an dësem Zesummenhang eppes gesinn hunn an eng Ausso maache wëllen, kënnen sech bei der Stater Police mellen.