D'Police sicht no Zeien, nodeems zu Réiser an en Haus agebrach gouf.

Géint 10h00 e Freideg de Moie war en onbekannten Täter, an der Rue de l'Alzette zu Réiser, an en Haus agebrach. Säi Kompliz hat wärenddeem an engem eeleren, klengen, hellgroen, Auto mat franséischer Plackennummer, an der Géigend vum Haus gewaart.

Wärend dem Abroch hat de Fuerer vum Won eng Kéier getut. Doropshin, hat den Abriecher d'Haus verlooss an déi 2 si mam Auto an eng onbekannten Direktioun fortgefuer.

An dësem Zesummenhang sicht d'Police den Ament no Zeien. Wien Informatiounen iwwert dësen Tëschefall huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Réiserbann ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 61 1000, oder via d'Mailadress "police.reiserbann@police.etat.lu".