Dëse Freideg war an der Chamber den ëffentlechen Debat iwwer d'Petitioun mat der Nummer 2309.

An dëser haten d’Petitionäre Paula Antunes Quintera a Samuel Antunes Ribeiro gefrot, dass d’Rechnunge vun de Psychologe vun der Krankekeess zeréckbezuelt ginn. Wéi d’Paula Antues Quniteira an hirem Temoignage erkläert huet, wier et wichteg, dass all Mënsch, deen eng psychologesch Betreiung bréicht, sech dës och leeschte kéint. Weiderhin huet d'Petitionärin erkläert, dass och déi psychologesch Betreiung an de Schoulen net ëmmer esou funktionéiere géif, dass d'Schüler déi beschtméiglech Hëllef kréichen.

Am Laf vum Debat mat den Deputéierten hat sech ausserdeem erausgestallt, dass déi betraffe Persoune ganz dacks net richteg iwwer déi verschidden Offere vun der psychologescher Betreiung informéiert wieren.

Déi Deputéiert waren sech dann och eens, dass sech an dëser Affär eppes doe misst. Och de Minister vun der Sozialversécherung, Claude Haagen, huet d'Meenung, dass  beim Remboursement vun de Rechnunge vun de Psychologen eppes passéiere misst, gedeelt. Hien an d’Gesondheetsministesch, Paulette Lenert, hunn allerdéngs dorop higewisen, dass een oppasse misst, fir kee Feeler beim Schafe vum entspriechende legale Kader ze maachen. Dat wier bei de Psychologe virun allem dowéinst komplizéiert, well dës net nëmmen an der Patienten-Betreiung, mee och an anere Beräicher, ewéi zum Beispill dem Marketing schaffen.

Eng Konklusioun, déi dann onmëttelbar aus dem Debat gezu gouf, war déi, dass d'Leit besser missten iwwer déi verschidden Offere vun der psychologescher Betreiung informéiert ginn. Fir dat ze erreechen, soll eng Plattform, op där d’Patienten alleguer déi relevant Informatiounen iwwer déi verschidde psychologesch Offere fannen, geschaaft ginn. Ausserdeem soll d’Offer vun der psychologescher Hëllef an de Schoule besser un d’Besoine vun deene Jonken ugepasst ginn. Besonnesch d’Horairë sollen esou adaptéiert ginn, dass déi Schüler, déi e Psycholog wéilte gesinn, dat maache kéinten, ouni, dass si missten Angscht hunn, stigmatiséiert ze ginn.