De Lift tëscht der Uewerstad an dem Pafendall ass den Ament ausser Betrib.

Wéi d’Stad Lëtzebuerg, e Freideg an engem Communiqué matdeelt, wieren technesch Problemer de Grond, fir den Ausfall vum Lift. Nom geneeë Grond fir den Ausfall géif den Ament nach gesicht ginn. Et géif een alles dofir maachen, dass de Lift esou séier ewéi méiglech nees funktionéiert.