Finnland verschäerft seng Areesreegele fir Persounen aus Russland.

Wéi de finneschen Ausseminister ugekënnegt huet, ginn d'Reegele fir a Finnland anzereesen fir russesch Staatsbierger méi streng. Domat kenne russesch Bierger och mat engem Schengevisum net méi aus touristesche Grënn a Finnland areesen. Fir anzereese bréicht een dann een anere Grond. Wat dat fir ee Grond kéint sinn, gouf awer net vun der finnescher Regierung matgedeelt.

D'Zuel vun den Areese vu russesche Staatsbierger hat sech an deene leschten Deeg verduebelt. Dat nodeems de russesche President Putin eng Deelmobiliséierung vun der russescher Arméi ugekënnegt hat.