Déi spuenesch Regierung huet eng Steier fir Räicher ugekënnegt.

Déi zousätzlech Steier fir Räicher soll zwee Joer laang gëllen a ronn 1 % vun der spuenescher Bevëlkerung ass vun dëser Steier betraff, sou déi spuenesch Finanzministerin. Mam zousätzlechen Akommes sollen d'Mesurë fir d'Bekämpfung vun der Inflatioun finanzéiert ginn, wéi zum Beispill subventionéierte Bensinn oder gratis ëffentlechen Transport. Ab wéi engem Verméige genee dës Stéier gëllt a wéi héich de Steiersaz wäert sinn, hat déi spuenesch Regierung nach net matgedeelt.

D'Inflatioun a Spuenien louch mat 10,5 % am August liicht iwwert dem EU-Duerchschnëtt. Déi spuenesch Regierung hat schonn zäitlech begrenzten zousätzlech Steiere fir Banken an Energiefirmen ugekënnegt. Hei wëllen déi betraffe Firmen sech awer juristesch dogéint wieren.