Lëtzebuerg wëll nees Member am UN-Sécherheetsrot ginn.

Wéi de Premier Xavier Bettel um Freide bei senger Ried virun der 77. Vollversammlung vun de Vereenten Natioune matgedeelt huet, stellt Lëtzebuerg nees eng Kandidatur fir Member am UN-Sécherheetsrot ze ginn. Dës Kandidatur gëllt fir d'Joren 2031 an 2032.

Bei senger Ried huet de Premier iwwert d'Situatioun an der Ukrain, d'Hongersnout an der Welt an d'Klimaziler geschwat. De Krich an der Ukrain hätt däitlech gemaach, dass beim UN-Sécherheetsrot eng Reformatioun néideg wier, sou de Premier. Weider heescht et vum Xavier Bettel, dass Russland als permanente Member am Sécherheetsrot a leschter Zäit mat sengem Vetorecht villes zum Stoppe bruecht hät a Lëtzebuerg wéilt sech fir ee méi wierksame Sécherheetsrot asëtzen.

2013 an 2014 war Lëtzebuerg déi éischte Kéier Member am UN-Sécherheetsrot, dat als ee vun den 10 net-permanente Memberen. Déi 5 fest Membere si Frankräich, d'USA, Groussbritannien, China a Russland.