D'Ofwaasser vum Oktoberfest weist bis elo nach keng nei Coronawell op.

Fuerscher vun der Ludwigs-Maximilian-Universität zu München hunn d'Ofwaasser vum Oktoberfest op Corona-Viren analyséiert. Dobäi gouf gehofft fréizäiteg eng Corona-Well opgrond vum Oktoberfest festzestellen. De Moment ass d'Virus-Konzentratioun op der Theresienwiese awer änlech héich wéi an aneren Deeler vun der Stad. Wéinst der Inkubatiounszäit vu 5 Deeg ass de Fuerscher no, de Moment nach net mat enger gréisser Hausse vun Infektiounen ze rechnen. Dës kann awer nach kommen.