D’Chamber huet eng ëffentlech Debatt am November ugekënnegt.

D’Petitioun 2332 fuerdert datt de Congé parental op 9 Méint erhéicht gëtt. Dës Petitioun krut 4.814 Ënnerschrëften an huet also de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften iwwerschratt. Dowéinst ka se ëffentlech debattéiert ginn. An dat de 9. November um 10h30.