D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet e puer Zuelen zu de Bronchiolite-Fäll zu Lëtzebuerg matgedeelt.

Um 14. November waren an der Kannerklinik vum CHL 48 Better an de Soins normaux an op der Intensivstatioun besat. Dorënner waren der 31 wéinst Bronchiolite an 3 wéinst dem Coronavirus. An den Hopitaux Robert Schuman goufe 5 Patiente mat Bronchiolite hospitaliséiert. Kanner déi am CHEM a Centre Hospitalier du Nord hospitaliséiert musse ginn, ginn an de CHL transferéiert. Am CHL sinn d’Better am spezialiséierte Pediatrie-Service all besat. D’Direktioun vum CHL huet an deem Kader eng Cellule de Crise opgestallt.