Zwee arméiert Ugrëff sinn e Méindeg geschitt. D’Police sicht an deem Kader no Zeien.

Dës sinn um 17h45 an 18h45 zu Märel an zu Stroossen geschitt. D’Persoun huet eng hell Haut an eng normal Kierperstatur. Hien ass 1Meter70 grouss, hat eng hell Jeansbox un, e schwaarzen Hoodie mam Logo "Puma" a rout Sneakers un.

Wien eppes gesinn huet, soll sech beim 113 mellen, oder bei der Stater Police (Tel: (+352) 244 40 1000 an Email: police.luxembourg@police.etat.lu). Och kann een Police Capellen/Stengefort kontaktéieren (Tel: (+352) 244 30 1000 an Email: police.capellensteinfort@police.etat.lu).

.