D’Police sicht no Zeien nodeems et zu Hesper leschte Freiden zu engem brutalen Iwwerfall koum.

Leschte Freiden, de 11.11.2022 gouf ee Jonken am Park zu Hesper ugegraff. Hei gouf de Jonke vun zwee onbekannte Jonke vum Vëlo gestouss. Doropshin hunn déi zwee dem Affer seng Posch geklaut an d'Affer mat engem Messer bedréit.

Déi zwee jonk Männer hu Lëtzebuergesch geschwat, waren tëschent 15 a 17 Joer al, vu normaler Statur an heller Hautfaarf, tëschent 1,75 an 1,80 grouss.

Ee vun den zwee Täter hat hellbrong Hoer, opfälleg Aenreefer, ee schwaarze Pullover, eng schwaarz Joggingsbox a schwaarz Nike Schong mat wäissem Logo a wäisse Suelen un.

Deen aneren Täter hat donkelbrong krauseleg Joer, ee Schnurri an loftdicht Funktiounskleeder mat rouden dënne Sträifen drop un.

All Info ass fir d'Stater Police (Tel: (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail: police.luxembourg@police.etat.lu ).