
© Eldoradio
De Freide koum et zu enger Ausernanersetzung tëschent zwee Männer op der A13. Hei huet ee vun deenen zwee Chaufferen, deem aneren säin Auto beschiedegt.
E Freiden, den 18. November gouf géint 13:15 Auer op der Autobunn A13 a Richtung Féiz een Auto muttwëlleg beschiedegt. Dat nodeems et zu engem Virfall tëschent zwee Chauffere koum.
Ee Chauffer krut kuerz virum Tunnel Markusbierg vun engem Auto hannert him geblénkt, dat nodeems deen éischten Auto eppes aus der Fënster gehäit hat. Beim Iwwerhuelen huet den éischte Chauffer dem zweete Chauffer Beleidegunge mat de Fangeren an den Hänn gewisen. Doropshin huet deen ee Chauffer nees iwwerholl an deen aneren ausgebremst. Béid Chauffere sinn hannert dem Tunnel op der Pannespuer stoe bliwwen. Mat engem Baseballschléier huet deen éischte Chauffer deem aneren säin Auto demoléiert. Wärenddeem ass deen zweete Chauffer am Auto sëtze bliwwen an huet op d'Police gewaart. Den Ugräifer ass dono geflücht.
Den Täter war tëschent 35 a 50 Joer al, zirka 1,80 Meter grouss, vum südlänneschen Typ an hat schwaarz Hoer. Den Auto war een neiwäertege grénge Mercerdes, eventuell eng C-Klass vum Joer 2018 mat franséische Placken aus dem Departement 57. D'Nummereschëld huet mat FK-570-?? ugefaangen.
Persounen, déi Informatiounen zum geflüchten Auto an dem Chauffer hunn, sollen sech bei der Police vu Réimech/Munneref iwwert den Telefon (+352) 244 77 1000 oder per Mail op police.remichmondorf@police.etat.lu mellen.