De Méindegmëtte koum et um CR226 tëschent Izeg a Conter zu engem schwéieren Accident. D'Fra hannert dem Steier gouf déidlech blesséiert.

Wéi d'Police matdeelt, koum et de Méindeg géint 14:10 Auer um CR226 vun Izeg Richtung Conter zu engem Accident, bei dem een Auto, aus bis elo ongekläerte Grënn, op déi aner Stroossesäit geroden ass an dunn ee Bam gesträift huet. Dono huet den Auto ee weidere Bam geroden.

D'Automobilistin ass nach op der Plaz vum Dokter versuergt ginn an dunn an d'Klinick bruecht ginn. Hei ass d'Fra un hire schwéiere Blessure gestuerwen.

D'Streck war fir den Zäitraum vun der Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart.