D'Police sicht no Zeien, déi Informatiounen zu engem Iwwerfall am Zesummenhang mat engem Diskobesuch an der Stad hunn.

Tëschent 3:00 Auer a 4:00 Auer ass et an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnde wärend bzw. no engem Besuch an enger Disko an der Rue du Fort Neipperg an der Stad zu engem brutalen Iwwerfall op ee jonke Mann komm. D'Affer krut hei den Handy, de Brëll an de Rimm geklaut an zum Iwwerfall konnt et entweder an der Disko, an der Géigend vun der Disko oder um Wee op Place de Paris komm sinn.

Persounen, déi Informatiounen am Zesummenhang mam Iwwerfall hunn, sollen sech bei der Police vum Réiserbann iwwert den Telefon (+352) 244 61 1000 oder per Mail op police.reiserbann@police.etat.lu mellen.