Bei der Inspektioun vun engem Chantier zu Donkels goufen zwee Aarbechter ugetraff, déi schwaarz geschafft hunn an sech illegal zu Lëtzebuerg ophalen.

Um Méindeg am Nomëtten hat d'ITM eng Baustell zu Donkels kontrolléiert an dobäi zwee Aarbechter ugetraff, déi Schwaarzaarbecht geleescht hunn an des Weideren illegal zu Lëtzebuerg sinn. Nach virun dem Antreffe vun der Police konnt ee vun deenen zwee Männer flüchten. Seng Identitéit konnt awer iwwermëttelt ginn. Et besteet och ee Verdacht, dass en d'Identitéitskaarte gefälscht sinn.

Géint d'Männer gouf eng Réckféierungsmesure an een Areesverbuet erstallt.