Zu Ettelbréck koum et um Dënschdegmoien zu engem Iwwerfall op ee Jonken, dee mëssgléckt ass.

Op der Gare zu Ettelbréck hat um Dënschdegmoie géint 9:00 Auer ee jonke Mann probéiert een anere Jonken ze beklauen. D'Affer gouf vum Täter ugeschwat an dësen hat dem Affer seng Jackett a seng Schong verlaangt. Dat wollt d'Affer awer net a sou huet den Täter d'Affer e puer mol geschloen. Den Ugräifer ass dunn och ouni d'Saache geflücht.