Et si keng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 1.480 PCR-Tester waren der 260 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé en Dënschdeg matgedeelt huet.

Iwwerdeems si keng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bléift domadder bei 1.157.

Am Moment leien 24 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner 2 op der Intensivstatioun.