Weiderhi bleift d’Haaptsuerg vun de Leit zu Lëtzebuerg de Logement.

Dat geet aus dem éischten Deel vum Politmonitor vun ILRES am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir. Genee esou wéi viru 6 Méint maache sech d’Leit Suergen ëm den Accès zu bezuelbarem Wunnraum. Hannert dem Logement maachen d’Entwécklung vun den Energiepräisser an d’Inflatioun de Leit och Suergen. De ronn 1.000 befrote Leit no misst d’Politik och direkt d’Folge vum Klimawandel an d’Zukunftschance vun de Kanner an Ugrëff huelen.