E Mëttwoch de Mëtteg gëtt nees eng ëffentlech Sëtzung an der Chamber organiséiert.

An zwar wäerten d’Deputéiert iwwer d’Gestioun vun der Corona-Pandemie zu Lëtzebuerg debattéieren. Donieft si 4 Gesetzesprojeten um Programm. Zwee dovunner goufen am Tripartite-Accord festgehalen. Och wäert iwwer d’Prise en Charge vun de Verhütungsmëttelen an iwwer d’Situatioun vun der Kardiologie am Centre Hospitalier du Nord geschwat ginn. D’ëffentlech Sëtzung fänkt um 14h00 un a ka live op Chamber TV verfollegt ginn.