D’Ukrain setzt Stuffen uechter d’Land fir d’Bevëlkerung an.

Dat huet den ukrainesche President Selenskyj ugekënnegt. An deenen Zentre soll d’Bevëlkerung u Stroum, Hëtzt, Waasser, Internet, Telefon a Medikamenter kommen. Dat steet hinne gratis zur Verfügung. Wann et nees zu massive russeschen Ugrëff komme géif, wier et kloer dass et zu Stroumprobleemer komme kéint. Dowéinst sinn dës Zentre wichteg, esou de President. Iwwer 4.000 Stuffe wieren disponibel, et géifen der awer nach méi opgeriicht ginn.