An den USA gouf et en Dënschdeg den Owend lokaler Zäit eng Schéisserei an engem Walmart-Supermarché.

Am Bundesstaat Virginia wiere 6 Mënschen ëm d’Liewe komm an eng Partie weider Persounen blesséiert ginn. Wéi d’Stadverwaltung vu Chesapeake an d’Police matgedeelt hunn, wier den Täter selwer dout. D’Police wier direkt op d’Plaz komm an et wier just eng Persoun responsabel fir d’Schéisserei.

D’Vertrieder vun der Walmart-Chaîne hu sech schockéiert iwwer d’Schéisserei gewisen. D’Entreprise géif enk mat den Autoritéiten zesummeschaffen a géif seng Mataarbechter ënnerstëtzen.