D'EU huet Russland als Terror-Ënnerstëtzer verurteelt.

D'Majoritéit vun de 494 Deputéiert am Europaparlament huet Russland wéinst den Doten an der Ukrain als Terror-Ënnerstëtzer schëlleg geschwat. Donieft soll d'EU, dem Wëlle vum Europaparlament no, eng Terrorlëscht fir Staate wéi Russland opstellen, fir déi méi streng kënnen ze bestrofen. D'Resolutioun seet, dass d'Lëscht restriktiv Moossnamen ausléisen an d'Relatioune vun der EU mat deene Länner op der Lëscht beaflosse kann.

D'USA hunn och esou eng Lëscht fir Länner. De Moment stinn Kuba, Iran, Syrien an Nordkorea drop. Fir Länner, déi op dëser Lëscht sinn, ginn et Verbueter op Waffen a finanziell Sanktiounen. Ufank September huet d'US-Regierung awer nach refuséiert Russland als "Fërderer vum Terrorismus" ze klassifizéieren.