
© Pexels
Am Duerchschnëtt gi 5 Frae weltwäit pro Stonn vun hirem Partner oder der Famill ëmbruecht.
Wéi aus engem Rapport vun der UNO ervirgeet, goufe ronn 56 Prozent vun alle Morden op Fraen a Meedercher am Joer 2021 vum Partner oder engem Familljemember gemaach. De Rapport gouf vun der UNO zesumme mat den Organisatiounen UNODC an UN-Women verëffentlecht. Des Weidere rechent een nach mat enger héijer Donkelziffer. D'UNO rifft zu engem bessere Schutz vun de Fraen a Meedercher weltwäit op. Déi missten och doheem sécher sinn, dat ass eng allgemeng gesellschaftlech Aufgab.
Bei de Morden u Männer war et a knapp 11 Prozent vun de Mordfäll d'Partnerin oder d'Famill.