De Moment schaffe 5 Liewensmëttelfirmen hei zu Lëtzebuerg mam Nutri-Score.

Zënter dem Mee 2021 kënne Firmen de System mat de verschiddene Faarwe fir de Närwäert vun engem Liewensmëttel ze kennzeechnen, fräiwëlleg benotzen, dat äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéiert Mars Di Bartolomeo an Tess Burton.

D'Virdeeler vum Nutri-Score sinn, dass et dem Verbraucher méi einfach gemaach gëtt verschidde Produite vun enger Kategorie mateneen ze vergläichen. Een Nodeel wier awer, dass ee keng Produiten vun ënnerschiddleche Kategorie kéint mateneen vergläichen. Dat heescht ee Joghurt kann ee net mat enger Pizza vergläichen.

Ee weidere Virdeel vum Nutri-Score ass et, dass de Verbraucher de Närwäert vun engem Produit ka verstoen. Een Nodeel wier awer, dass et keng genee Unzuel vun der Quantitéit vun deenen eenzelen Zutaten an Närstoffer gëtt, sou d'Lenert.