Et ass eng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 1.305 PCR-Tester waren der 234 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Mëttwoch matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass eng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt domadder bei 1.158.

Am Moment leien 26 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner 4 op der Intensivstatioun.