D'EU-Parlament gouf um Mëttwoch vu russeschen Hacker ugegraff.

Wéi d'Präsidentin vum Parlament, Roberta Metsola, op Twitter matgedeelt huet, koum et de Mëttwoch zu engem russeschen Hackerugrëff op de Site vum EU-Parlament. Dat Ganz ass kuerz no der EU-Resolutioun géint Russland geschitt. Dobäi ass eng héich Unzuel un Serveren ofgestierzt. Bei dësem Ugrëff huet eng héich Unzuel un Ufroen a kuerzer Zäit op der Websäit deen Ofstierz ausgeléist.  E sou Attacke sinn normalerweis net mat engem Andréngen an déi bannescht Struktur vun der Websäit verbonnen.