
© Pixabay
E Mëttwoch gouf et en Urteel am Prozess iwwer déi déidlech Policeschëss am Joer 2018 zu Bouneweg.
De fréiere Polizist gouf zu 5 Joer Prisong an en Deel dovunner mat Sursis verurteelt. Dat hu verschidde Medie gemellt. D’Geriicht huet dann och festgehalen dass den Ex-Polizist net aus Noutwier gehandelt hätt.
Am Abrëll 2018 hat e jonke Polizist no enger Kontroll, déi schif gelaf war, op en Automobilist geschoss. Eng vun de Kugelen hat den Automobilist déidlech getraff.