De Mëttwochowend koum et zu engem schwéieren Accident um Keeler Potto.

Wéi d'Police matdeelt, ass et um Mëttwochowend géint 22:15 Auer op der N31 tëschent Esch a Keel um Keeler Potto zu engem Accident tëschent 3 Autoe komm. Hei hat een Auto probéiert een aneren Auto ze iwwerhuelen, hat et awer net méi gepackt mat Zäiten nees op senger Fuerbunn ze sinn an ass esou frontal mat engem Auto aus der anerer Richtung aneneegerannt. Eng Automobilistin gouf schwéier blesséiert an huet missen aus hirem Auto gebuerge ginn.