Et ass net ausgeschloss, dass den Éischt-Hëllef-Cours bei der Führerschäinsprüfung obligatoresch gëtt.

De Fançois Bausch huet op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engel geëntwert, dass den Éischt-Hëllef-Cours feste Bestanddeel vun der Führerschäinprüfung ka ginn. D'Europäesch Kommissioun hat ugekënnegt déi europäesch Führerschäinsdirectiven ze iwwerschaffen. An deem Kader wäerten eng Rei Ännerunge kommen. De neien Text soll 2023 virleien.