
© Eldoradio
D'Police sicht no Zeien, déi tëschent dem Dënschden an Donneschden zu Ettelbréck een Déifstall an een Auto gesinn hunn.
Tëschent dem Dënschden an Donneschde goufen zu Ettelbréck 7 Autoe beschiedegt. Hei goufe jeeweils d'Fënsteren ageschloen. D'Autoe goufen op der Ettelbrécker Gare, um Parking Däich, an der Géigend vun der Sportshal Franckie Hansen an um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte beschiedegt. Och um Ettelbrécker Kierfecht gouf eng Fënster an der Dier vun der Sanitäranlag ageschloen.
Um Mëttwochmoie gouf eng Posch aus engem Auto an der Strooss J. F. Kennedy geklaut.
All Informatiounen si fir d'Police vun Ettelbréck iwwert de Nummer (+352) 244 84 1000 oder iwwer Mail police.ettelbruck@police.etat.