Et ass keng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vun 1.363 PCR-Tester waren der 210 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé en Donneschde matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 1.158.

Am Moment leien 25 Persoune mam Covid-19 am Spidol. Dovunner eng op der Intensivstatioun.