Beim drëtten Deel vum Politmonitor steet d'Paulette Lenert weider un der Spëtz.

D'Gesondheetsministesch steet weiderhin un der Spëtz vum drëtten Deel vum Politmonitor, trotzdeem ass hir Partei d'LSAP awer dee grousse Verléierer, sou den RTL. Ganzer sechs LSAP-Politiker verléieren u Kompetenz a Sympathiepunkten. Dorënner och de Jean Asselborn. Hie steet awer weiderhin op zweeter Plaz an dat nach virum Premier Xavier Bettel. De Lex Delles vun der DP huet 9 Punkte verluer, haaptsächlech an der Sympathie awer och a Punkto Kompetenz. De Lex Delles wär der leschter Ëmfro no, Präsident vun der DP ginn.

RTL

© RTL