E Freideg gëtt de Jugendkonvent dee ganzen Dag an der Chamber organiséiert.

Dat ass déi 17. Editioun déi de Jugendrot plangt fir de Jonken en Espace fir Informatiounen, Austausch a Participatiounen unzebidden. D’Thema ass dëst Joer "Demokratie (er)liewen". Dobäi ginn de Jonke 4 Ateliere proposéiert ronderëm d’Thematiken Demokratie an der Schoul, Walrecht vu 16 Joer un, Inclusioun a Medien. D’Resultater ginn da vu 15h00 un an der Plenière diskutéiert. Dat kann een och live op Chamber TV suivéieren.