
© Pexels
Den Elon Musk huet ugekënnegt dass d’Spärung vu verschiddenen Twitter-Accounts opgehuewe gëtt.
Den neien Twitter-Chef hat nämlech eng Ëmfro gemaach. Eng grouss Majoritéit vu 72 Prozent hätt sech fir eng Fräischaltung entscheet. D’Amnestie géif also d’nächst Woch ufänken, esou en Zitat vum Elon Musk. Eng Ausnam géif et awer gi fir Accounts vun Notzer, déi géint Gesetzer verstouss hätten a fir Spam verantwortlech sinn. D’lescht Woch hat hien eng änlech Ëmfro gemaach fir dass dem Ex-US-President Donald Trump säin Account nees fräigeschalt gëtt.